Flunkernews 17/20 vum Serge Olmo

Wéini endlech eng Impfung? Et ass ee gewuer ginn datt eng Fra ënnerwee wier déi d’Männer opsiche géif déi Recherchen am Kontext Impfstoff maachen. Si wëll di Männer fannen an eppes mat hinnen hunn. Di Fra ass eng Impfomanin.

Masken: Vill Leit gi jo mat hiren Hënn spadséieren. Am Normalfall seet een dem Meeschter Moien well een dësen vu Wäitem erëmkennt mee elo an dëser Krisenzäit a well d’Leit Masken unhunn, erkennt een als éischt emol den Hond.

Autoschoulen: Déi éischt déi opmaachen wäerten si bestëmmt déi mat Merdeces Autoen fueren, well an deenen Schoulen d’Fahrschüler an eng Klass A a Klass B kënnen opdeelt ginn.

De President passt net op: Den Amerikanesche President hat ugedeit datt wann ee géif Desinfektiounsmëttel anhuelen, een domadder de Virus kinnt bekämpfen. Dëst ass nees eng Fakenews. Et muss een onbedéngt evitéieren Désin-Fake-tant z’inhaléieren.

Wéini kënnen Coifferen nees opmaachen? D’Fro ass nach net beäntwert. Kloer ass datt di sanitär Mesuren mussen genee ënnert d’Lupp geholl ginn. Anscheinend gëtt do vun engem spezifeschen Gel hydrolacoolique geschwat an zwar een mat deem een och d’Hoer domadder ka stylen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...