
No de Wahlen: Zu Käerjeng fënnt een am Verglach zu den aneren gréisseren Proporzgemengen
de niddregsten Taux vu Fraen am nei gewieltene Conseil. Hei gouf jo ganz vill iwwert "D'Gëlle Fra" geschwat mä mat just enger Fra vu 12 Memberen am Gemengerot froen sech muencher: "gëlle Fraen" zu Käerjeng op politeschem Plang?
Vereedegungen: Den Inneminister huet scho verschidde Gewënner vun de Wahlen vereedegt.
Anscheinend wëll de Minister all Schäffen a Responsabel vun de Märeien vereedegen. Dat
gëtt vill Aarbecht fir de Jean-Mairie Halsdorf.
Finanzkris a Griichenland: D'Ratingsagencen huelen de Griichen geschwënn alles ewech. Et ass esou wéinesch Kapital an dem Land datt Athen sech emol net méi dierf "Capitale" vu Griichenland nennen.
Wanterpneuen Zäit: Et ass elo wou di meescht Leit d'Wanterpneuen op hir Autoen maache loossen. Et gin verschidden deier Marken fir besser Leit déi esouguer Summer- a Wanter Reserverieder hunn.
Nei Stadionen sin In: D'Kickerfederatioun wëll fir hir grouss international Rendez-vouser e neien Stadion gebaut kréien wahrscheinlech am Réiserbann. Vü datt sech d'Federatioun dat net ka leeschten gëtt dovunner geschwat datt Ganzt mam Bau vun enger Epicerie ze verbannen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...