Flunkernews 18/20 vum Serge Olmo

Plastiks Händschen: Ganz vill Leit hunn hir Masken am Auto leien an och Händschen an dat aus sanitären Grënn. No ganz laange Joren versteet een endlech firwat dat Gefaach riets am Auto Händschekëscht heescht.

Leit elleng am Auto mat Mask: Dat schéngt richteg onlogesch ze sinn well ee jo keen ustieche kann. Vläicht hunn d’Leit Masken un well si fäerten iwwerrascht ze ginn wann en Accident géif geschéien. Di Leit fäerten eng Maske-Karambolage.

Digital Oktav: Virun enger Zäitchen gouf et jo hei am Land eng grouss Polemik well d’Schüler net fräi kruten fir d’Oktav oder d’Sprangprëssessioun. Bei dëser digitaler Editioun kruten anscheinend och e puer Schüler kee fräi vum Homeschooling fir d’Mass vun hirer Par ze suivéieren.

Amerikanesche Gesondheetssystem: Et riskéiert Problemer ze ginn fir d’Recherche well ëmmer manner Tester gemaach ginn mat Labosdéieren. D’Laboen an d’Spideeler wëllen Déieren net méi asetzen fir d‘Recherche well di meescht Déieren keng Krankekeess hunn. Ideal wier et wann d’Tester mat Déieren souwisou tabu wieren.

Nordkorea wärend der Kris: Dohanne fäerten si enorm eng 2. Well mat als Konsequenz engem staarken Confinement mat ganz limitéierten Fräiheeten. Vill Nordkoreaner hunn d’Gefill datt deen éischte Confinement schonn iwwer 70 Joer dauert an zwar zanter der Onofhängegkeet vun hirem Land.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...