Flunkernews 19/20 vum Serge Olmo

Visitten erlaabt: Et si vun elo un nees Visitte vun de Prisonéier zu Schrasseg méiglech. Et muss een awer am Prisong ganz gutt op de Virus oppassen well et ass bekannt datt dësen besonnesch verschidden Zellen ugräift.

Exit Strategie: Haaptsächlech déi Leit déi déi lescht 2 Méint bäigeholl hunn, hu sech op den Exit gefreet. Dës wëlle Sport maachen an allgemeng aktiv sinn. Fir ofzehuelen ass den Déck-confinement ideal.

Olympesch Spiller: Dës goufe jo op 2021 verluecht. Den Olympesche Comité wëll Villes änneren. Di 2 Glécksbrénger sollen och elo anerer ginn a sollen d’Leit un de Virus vun dësem Joer erënneren. Et waart een also gespaant op di nei Mask-ottchen. 

D’Bundesliga huet ugefaangen: Et soll elo an Zukunft en 2. Arbitter iwwer Video kontrolléieren an zwar een dee kuckt ob et keng Bedenke ginn am Kontext sanitär Gesten. Deen aneren Arbitter passt weider reng op de Fussball op. Et ass e gespaant wéi de Covid-éo Arbitrage wäert funktionéieren.

Nuklearen Dreck op der belscher Grenz: Dësen Avantprojet huet Problemer tëscht der Belsch a Lëtzebuerg mat sech bruecht. D’Belsch hate gemengt datt et an dëser Pandemiezäit net géif opfalen wann si mat nuklearem Dreck hantéieren géifen, well een de Moment souwisou eng Mask un huet oder Händschen, d’Hänn muss desinfizéieren an esouguer Verschiddener Protektiounskleeder sollen undoen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...