Flunkernews 20/20 vum Serge Olmo

Nei Zäit: Soss hu mir ëmmer op de Meteositten d’Temperature gekuckt, éier mir an d’Vakanz geflu sinn. Elo sinn d’Chance grouss, datt, wa mir an d’Vakanz fléien, eis Temperatur wäert gekuckt ginn.

Masken hänken am Auto: Et hänken ëmmer méi Autosbesëtzer hir Masken un de Spigel banne virum Pare brise. Warscheinlech hunn ech elo endlech erausfonnt wisou. Baussen um Pare brise hëlt de Wischer d’Goutteletten ewech. Bannen am Auto protegéiert de Mask de Pare brise vun de Goutteletten. 

Spezielle Congé verlängert: Laut Statistike ginn déi meescht Congéen an der Muselgéigend gefrot an dat duerch Wënzer. Dës froe nämlech ganz spontan de Congé pour Raisins Familiales un.

Schwämmen: A Frankräich solle geschwënn d’Schwämmen opmaachen. Besonnesch zu Marseille, der Stad vum Professer Raoult, si si optimistesch an dat trotz neien Etüden. Et ass och gewosst, datt dohannen, fir ze desinfizéieren, verschiddener Chlor-iquine an d’Waasser maachen.

Bal Normalitéit: Op de Stroossen ass deelweis d’Normalitéit ugesot. En Donneschdeg war awer op ee Coup nees ganz wéineg Trafic. Verschiddener hate gemengt, de Confinement wier nees gesprach ginn, mä et war just Christi Himmelfahrt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...