SpaceX: De éischte Versuch hat jo net geklappt. Et gi mëttlerweil scho vill Leit déi soen si géifen dat net gutt fannen datt eng Rakéit bis an de Weltall flitt. De Risiko wier do fir eventuell de Corona-Virus am Weltall ze verbreeden. D’Amerikaner wäerte scho sanitär Mesuren ergräifen, en plus ass de Fondateur vu SpaceX jo de Elon « Mask ».

Amerika op der Kopp: déi Problematik weist sech ganz gutt am Sträit tëscht dem President Trump an Twitter haaptsächlech am Kontext Fakenews an onverzeilech Messagen zum Mord zu Minneapolis. Wann de President net ophält mat deene Messagen, da riskéiert d’Land am Chaos ënner ze goen. Et kinnt e bal vun Tweet-Tanic schwätzen.

D’Route du Vin verluecht : Aus sanitäre Grënn gouf di bekannt Course  laanscht Musel op 2021 verluecht. D’Route du vingt gëtt da ganz natierlech d’Route du vingt-et-un.

Villes ass nees op : ënner anerem dierfen d’Leit sech och nees an enger Kierch versammele fir ze bieden. Dat Himmlescht spillt also nees eng gréisser Roll an d’Paschtéier kënnen d’Leit endlech nees ëmfänken. Et wäert dann och eriwwer si mam Chômage par-Ciel.

Finanzkris a Fussball: D’Industrie an de Finanzsecteur fänken un richteg staark ënner der Kris ze leiden. Am Fussball geet et awer international geschwë richteg normal weider mat Fersehrechter…An der Ekonomie ass d’Realitéit allerdéngs komplett anescht wéi vidrun. Et kritt een esouguer heiansdo mat datt verschidde Banken e Prêt maachen bei dem engem oder anere grousse Fussballclub.

Flunkernews 21/20

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...