Flunkernews 22/20 vum Serge Olmo

Brong ginn: Soss hat een, wann een gutt vun der Sonn profitéiert huet, d‘Mark vum Maillot op den hënneschte Baken. Neierdéngs mam Droen vun de Masken huet een éischter d‘Mark vun der Mask op de Baken vum Gesiicht.

Veterinären: Am Confinement ass et jo normal datt d’Haus-déieren och  doheem confinéiert waren. Wärend där Zäit haten deemno d’Veterinären esou ze soen keng Patt-zienten.

Den Drive-in ass ganz aktuell: Et ginn Drive-in Diskoen, Drive-in Concerten, Drive-in Kinoen. Ginn et och Drive in Farschoulen?

SpaceX net a Nordkorea : Obwuel de Kim Jong Un e grousse Faibel huet fir Rakéiten, ass hie net um Projet SpaceX intresséiert. Am Weltall ass ze vill Schwéierkraaft an et kinnt een mol net seng Kleeder schéi propper strecken. D’Nordkoreaner setzen nämlech däitlech de Fokus op Kuerz- a Laang-strecken Rakéiten.

Sprangprëssession awer mediatiséiert: Et huet ee vill Biller gesinn vu Leit déi keng Masken unhaten a gespronge sinn. En plus hat jiddereen ee Noper an di zwee hunn un all Säit vun der Mask gezunn ouni di richteg sanitär Distanz an ze halen. Et hat ee gemengt et wier eng Provokatioun mee et ware just Biller vum leschte Joer.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...