Flunkernews 23/20 vum Serge Olmo

Endlech kann ee feieren: Am Déconfinement kann een also och d’Gebuertsdeeg méi grouss feieren. A Propos; et fänkt een richteg un al ze ginn wann ee fir säi Gebuertsdag manner Euroen kritt wéi een Joere feiert.

Chômage Technique: Wärend dem Confinement krute ganz vill Leit Chômage Technique; a verschiddene Länner och d’Abriecher. Si hate gutt 2 Méint nämlech keen Akommes well d’Leit all doheem bliwwe sinn. Bei hinnen ass dëse Chômage Technique elo definitiv fäerdeg.

Neie Radar: Dëse rechent d’Moyenne tëscht 2 Punkten op der Streck Waldhaff-Gonnereng. Et wier och wichteg eppes géint den Alkohol um Steier ze maachen. Do kinnt een e Radar bei eng Wiertschaft opriichten an den aneren e puer Kilometer méi wäit bei eng 2 Wiertschaft. Et géif een d’Leit dann beim 1. a beim 2. Radar blosen loossen fir d’Moyenne ze kucken.

Kontestéiert Presidenten: Komescherweis sinn déi Presidenten déi net uerdentlech géint de COVID-19 kämpfen déi selwecht déi och géint d’LGBT Communautéit sinn. Dat ass 2 Mol onverzeilech. Vläicht misst een deene Presidente verklickeren datt de Virus LGBT ass. Et ass zwar traureg mee vläicht géife si dann eppes ënnerhuelen.

Mask: War dir och scho genéiert wéi dir enger Fra mat enger Mask, déi sech virun iech gebéckt huet, bal bis bei de Mond gesinn hutt? Ech hu mech e bëssen esou gefillt wéi wann ech hir an den Décolleté gekuckt hätt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...