Flunkernews 24/20 vum Serge Olmo

Zoo: Wou ech nom Deconfinement an en Zoo goung, hunn ech mir gesot, datt d’Déiere sech esou wäerte fillen, wéi wann een eis, wärend dem Confinement, bei eis doheem kucke komm wier.

18. Juni: Bei eis am Land war de leschten Donneschdeg a ville Frupstuten en Apel als Dessert dran, wouriwwer awer kee geschwat huet. A Frankräich dogéint war den «Appel» vum 18. Juni den Haaptthema vum Dag.  

Alibi: Et ass eng Ongerechtegkeet, datt wann déi lescht zwou Wochen d’Schoul zimmlech normal wäert funktionéieren, ee Grupp Kanner e puer Deeg méi Schoul hat, wéi deen anere Grupp. Fir d’Pisaetüd vun 2021 solle mir da just déi Kanner vum 2. Grupp huelen, dann hu mir nämlech eng Ausried am Fall vu schlechte Resultater.

Keng Ambiance : Op der Tëleehéiert een op munche Programmer eng fiktiv Ambiance wärend de Matcher. A Wierklechkeet ass et awer op den Terrainen ganz «still» wéi eis däitsch Kolleegen soen. Kee Wonner op den Tribünen gesäit een och nëmme Still.

Horesca Secteur nach ëmmer mat Problemer: De leschte Sonndeg awer krut ee kuerzfristeg keng Plaz méi an de Restauranten. Fir datt et dem Secteur besser geet, kéint ee proposéieren, e puer Mol am Mount Mammendag ze feieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...