International Krisen: 2 Länner maachen der internationaler Gemeinschaft besonnesch Kappzerbrieches an zwar sinn dat Syrien a Griichenland. En plus gëtt Syrien mat engem Y (i grec) geschriwwen.

Allerheelgevakanz och op de Ministèren: Mat der Manif vun de Studente war d'Educatiounsministesch am Mëttelpunkt. Well muench Ministeren an der Vakanz waren, huet si fir e puer "Mini-stères" d'Staang misste riicht halen. Si huet dat korrekt gemaach, d'Mady Delvaux Mini-stehres.

Neierdéngs 7 Milliarde Mënschen: Dat ass enorm an zwar ass dat jo eng 7 mat 9 Nullen. Dat erënnert een un d'Feldspiller vum Real Madrid. Do spillt heiansdo just d'Nummer 7 an zwar de Cristiano Ronaldo gutt. Deemno ass et do dann och eng 7 mat 9 Nullen. Donieft heescht «Cristiano» a verschiddene Sproochen «Mënsch».

G20 Sommet zu Cannes: Um G20 gouf iwwer de Referendum a Griichenland geschwat a beim U17-Tournoi heiheem gouf iwwer de Referendum zu Léiweng geschwat. An den zwee Fäll gëtt et esoubal keen. D'Griiche wëlle kee Referendum, d'U17 dierfen nach net wielen.

Leschte Lännermatch vum Joer: De Virverkaf fir de Match Lëtzebuerg géint Schwäiz huet ugefangen an do kann een d'Tickete mat senger Bankkaart iwwer Internet kafen. Et gëtt een awer net gewuer, wen Ticketen kaf huet well béid Länner hun jo d'Bankgeheimnis.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...