Flunkernews 26/20 vum Serge Olmo

Geschwënn d’Vakanzenzäit: E Kolleeg krut an der Vakanz mat datt et a sengem Vakanzenduerf eng Plage gëtt wou d’Fraen «Oben Ohne» sinn. Hie war awer enttäuscht wou hie gesinn huet datt si effektiv «Oben Ohne» waren awer nëmmen d’Masken op der Plage ausgedoen haten.

Matcher ouni Spectateuren: D’Supporter reegen sech ëmmer méi op well et hinnen e bëssen ze laang dauert fir hir Favoritten nees um Terrain ze gesinn. Mir schwätzen natierlech vun de Supporter vun den Arbitter.

Verschidden Ähnlechkeeten: Am Ufank vun der Pandemie hat een Angscht vill positiv Fäll an den Alters- a Fleegeheemer ze kréien. Elo huet een haaptsächlech positiv Fäll an de Schluechthaiser an Däitschland awer och bei eis. No de Fleegeheemer virun e puer Méint, setze mir elo de Präventiounsfokus op Fleesch-heemer.

Keng gutt Situatioun trotz Solden: Verschiddener hunn net esou richteg matkrut datt Solde sinn an dat trotz de Schëlder an de Vitrinnen wou -30%, -40%...dropsteet. Anerer hate gemengt déi Schëlder wieren do fir ze weisen datt de Moment -30%, -40%... Personal an de Butteker ass.

Déck Protokoller: Dës ginn ausgedeelt wann Masken an der Natur entsuergt ginn. E Kand gouf bal protokolléiert well hat Masken an engem Park leie gelooss huet. D’Kand sot der Police awer hat hätt wëllen sengen Planzefrënn Rose a Jasmin eng Mask undinn fir dës ze beschützen...

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...