Flunkernews 27/20

Déi gréisst Gefor ass am Privaten: Dat sot de Premier well sech ganz vill Leit am Privaten net un d’Mesures Barrières halen. Wann et esou weider geet, da gëtt dru geduecht, en eventuellen 2. Confinement ëmgedréint ze plangen; an zwar kinnt et sinn datt ee nëmmen dierf dobausse sinn.

Alt nees e Widdersproch: Den Amerikanesche President ass am allgemengen ganz däitlech géint de Confinement. Elo solle jo seng Konten kënne gekuckt ginn sot d'„Supreme Court“ . De Trump seet awer dat géif net goen well seng Konten confinéiert wieren.

Large-Scale-Testing: Et ass international festgehale ginn datt déi grouss opgezunnen Tester mussen an engem groussen Zelt organiséiert ginn an esouguer an engem XXZelt.

D‘Tracing App de Moment guer net beléift: De Succès baséiert drop datt ee séier soll reagéieren am Fall vu Symptomer. An eisem Handy ass jo elo eng SIM-Kaart. Bei der Tracing App kinnt et, wéinst de Symp-tomer, eng SYMP-Kaart ginn.

Masken fixéieren: Ganz vill Leit strécken se ronderëm ee Bizeps wann si dës net undoen haaptsächlech a Groussbritannien. Et fënnt een also hei, ganz natierlecherweis, d’Maskles bei de Bizeps…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...