Frankräich fälschlecherweis keen "AAA": D'Länner an d'Boursen si fixéiert op den Triple A. Och Griichenland huet onbewosst drop opgepasst. Den "George Papandreou" gouf jo vum "Lucas Papademos" ersat. Den éischten hat 2 A a sengem Numm an de neien en Triple A.

Happy Birthday: De Guillaume III hat a sengem Numm eng 3 hannen. Hie war Grand-Duc vu Lëtzbeuerg an ass 1890 gestuerwen. 11 Mol 11 Joer méi spéit, also 121 Joer drop krut eisen Ierfgroussherzog Guillaume elo eng 3 fir an dat op engem 11.11.

Schoulreform: D’Schüler wëllen mat abezu ginn bei der Reform a wëllen aktiv ginn. En Donneschdeg beim Forum "Schülerkomiteeën um Kampus Geeseknäppchen" maachen si net nëmmen d’Punkten op d’Ien mä och op Uen, d’Een an d’Aen,

D'Police intersséiert sech besonnesch fir eng Propriétéit vum Berlusconi: Hien huet e puer Bungalowen déi him gehéieren. Hien huet awer eng rieseg Propriétéit wou hien seng besonnesch Soiréen organiséiert hat. Déi ass duebel esou grouss wéi e Bungalow an zwar ass et e Bungabungalow.

Schnappszuel och am Football: An engem vun de wichtegen Barragematcher fir d’EM  huet an der Parti Estland géint Irland d’Nummer 11 vun Estland en 11 Meter provozéiert dëst um 11.11.11.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...