Flunkernews 28/20 vum Serge Olmo

Männlech oder Weiblech? Ëmmer méi Leit wëllen definitiv wëssen ob d’Wuert «Mask» männlech oder weiblech ass. Bei eisem Noper Frankräich ass et net esou komplizéiert well do ass et ëmmer «Mask»ulin.

Maskepflicht net bei deene ganz Klengen: Ech war e bësse schockéiert wéi ech d’lescht an enger Crèche e Bébé mat enger Mask gesinn hunn. Gottseidank war et awer nëmmen eng grouss Suckel.

Tour de Luxembourg: Verschidde Kolleegen hu mir matgedeelt datt ugangs der Woch relativ vill Cyclisten, an dovun e puer ganz bekannter, am Autostrafic gehënnert hunn. Et soll och richteg geféierlech gewiescht sinn.

Contrôle Technique: Wann et esou weider geet mam Covid dann ass geplangt datt an Zukunft beim Contrôle Technique kontrolléiert wäert ginn op an engem Auto 5 giel Gilete sinn awer och 5 Masken….

Bankomater reegelméisseg gesprengt: Firwat gëtt bei deenen Attacken ni vun Terrorismus geschwat. Am Bankemilieu, wou ee sech jo gutt mat Bankkonten auskennt, gëtt gemunkelt datt déi Attacken vun Tal-IBAN  wieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...