Flunkernews 29/20

Optakt vun der Bundesliga: Bei ville Partien wéi beim Optaktmatch Bayern-Schalke war et eng Partie à huis-clos. Et gouf jo e memorabelen 8-0 fir déi Münchener notéiert. Dat war e perfekten Optakt fir de neien Bayern Co-Trainer Miroslav Klose. Et kann ee bei dem 8-0 Null ouni Spectateuren roueg vun engem Match à Huit-Klose schwätzen.

Moud och bei de Masken: Esou wéi fréier d’Schwammkleeder fir Fraen fir d’éischt aus engem Stéck waren, huet sech herno de Bikini duerchgesat. Et ass elo bei e puer Moudendesigner fir d’Dammen d’Iddi opkomm e Mask aus zwee Elementer ze maachen. Een Deel soll de Mond iwwerdecken an deen aneren d’Nues. Et wier also e Genre Mask-kini…

Tour de Lëtzebuerg: No all deene ganz bedenklechen Sécherheetsproblemer déi et goufen a fir dat 100 prozenteg an de Grëff ze kréien, gëtt dru geduecht déi nächst Editioun vum TDL Online z’organiséieren.

Positiv ouni Symptomer: Esou wéi beim Covid vill positiv geteste Leit keng Symptomer hunn, gesäit een dee selwechte Phänomen och beim Dopping. Am Tour de France sollen sech 3 Athleten gedoppt hunn an et huet ee keng Symptomer bei hinne gesinn; dat heescht dat dës emol net gutt waren. Dat mëscht et och do net méi einfach dee Problem ze bekämpfen.

Skandal an Amerika: Déi ganz Welt war schockéiert wéi de President Trump d’Krichsveteranen als Loser betitelt huet. Wann et mat deem President weider geet, da kann et sinn datt et e Krich mam Iran kinnt ginn. Wann den Trump nees d’Zaldoten als Loser géif betitelen, da wieren dat dann eventuell Krich Vé-Téhéranen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...