Flunckernews 30/20

Kal Zäiten: Geschwë kann een drun denken, sech z’organiséieren, fir d’Wanterpneuen opzesetzen. A Propos; ginn et iwwerhaapt Summer- a Wantermasken?

Zwou Fronten: D’USA sinn total an 2 gespléckt. Et ass en absolutten «Clivage» tëscht de Pro- an den Anti-Trump Supporter entstanen. Kee Wonner datt den 1. Tëleesdebat zu «Clive»-land war.

Dresscode an de Lycéeën: Dacks reklaméieren d’Direktiounen vun de Gebaier vis-à-vis vun de Meedercher an haaptsächlech well hir Juppen oder Räck ze kuerz sinn. Concernéiert dat d’Direktiounen wierklech och wann et Di-Räck-tere sinn?

D’Politiker dacks net credibel: Vu verschiddene Poltiker ass gewousst, datt dës esou vill Ligen erzielen, datt verschidden Tëleeschaînen bei hiren Optrëtter wëllen en Bändchen um Ecran lafe loossen wou drop steet «datt dëst eng Fiktioun ass a wa verschidden Elementer der Wourecht entspriechen dëst Zoufall wier…» 

Belarus: Obwuel d’Covid Infektiounszuelen de Moment an dem Land relativ korrekt sinn, denkt de ganz autoritären President Lukaschenko drun e Confinement z’ordonnéieren fir datt d’Leit net méi géint hien manifestéieren. Et wier fir d’éischt an der Geschicht datt mir keng politesch Prisonéier hätten mee politesch Confinéierter.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...