Réiser Päerdsdeeg: De leschte Sonndeg 4. Oktober war dee leschten Dag vum Turnéier. Dee selwechten Dag war och Pappendag bei eis. Dee leschte Sonndeg war also definitiv d’Fêtes des Päer-d.

Zweeten Debat e bëssen anescht: Et soll e «virtual debate» ginn wat dem President Trump guer net gefält. Am éischte Face à Face hu sech den Trump an de Biden esou beschass datt e «vir-tual-ette debate» ubruecht wier.

De Grand-Duc Henri 20 Joer um Troun: Et gouf deemno dës Woch vill iwwer eis Nobless geschwat. Grad dës Woch ginn och d’Nobelpräisser verdeelt. Ob eis Nobel Leit esou e Präis verdéngt hätten stelle vill Leit a Fro.

Neie Militärfliger presentéiert:
Ech si verwonnert datt en neie Militärfliger esou eppes spezielles soll sinn, well all Kéiers wéi ech mat der Luxair geflu sinn war ech an engem Bombardier. Dat war also dann definitiv kee Militärfliger?

Bal keng Waffe méi an den USA ze fannen: Et ginn nämlech esou vill Waffen an haaptsächlech Gewierer verkaf. Deementspriechend sinn déi déidlech Schéissereien méi heefeg ginn. Nieft dem Virus, deen enorm vill Leit ëmbréngt an de States, ass leider och de Gevir-us vill ze dacks déidlech.

Flunkernews 31/20

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...