
Cumul vun de Mandater fir de Claude Meisch: Deen neie Stater Buergermeeschter wollt keen duebelt Mandat an de Claude Meisch ass deemno neien DP-Fraktiounspresident. Et ass eigentlech komesch, dat grad de Xavier Bettel gesot huet: "ee Mann - dat geet duer".
Kompetitivitéit: D'Ratingsagencë fillen den Natiounen op den Zant. Hei am Land huet sech de President vum OGBL kloer zur Kompetitivitéit geäussert, wéi och di aner Büroe vun der Gewerkschaft. An der ganzer Welt lauschteren se op d'Ratingsagencen a mer hei zu Lëtzebuerg op d'Redings-agencen.
Religioun a Werbung: De Vatikan hat direkt op d'Werbung vu Benetton reagéiert an huet profitéiert, fir Werbung ze maache fir hiren nei Papamobile. De Poopst flitt jo d'nächst Joer a Mexiko an op Kuba.
Hien huet sech heifir en Offroad-Papamobile maache gelooss. Den Auto heescht net Benedikt XVI., mä Benedikt 4x4.
Nëmmen 852 Spectateuren: Um Dënschdegowend si ganz wéineg Leit de Lännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz kucke gaangen. Di Matcher mussen de Weekend gespillt gin. All meng Frënn, déi ech gefrot hunn, sinn net komm, well si den Dag drop geschafft hunn; et war deemno tatsächlech e "Frënn-schafft-Match".
Handball Beneluxliga: De Weekend war am Handball den Duell tëscht de Belschen an de Lëtzebuerger Top Veräiner. Op där enger Säit waren di Belsch Veräiner; op der anerer Säit di Lëtzebuerger an an der Mëtt waren di Hollännesch Arbitter. Dofir ass de Numm BE-NE-LUX-liga wierklech ubruecht.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...