Flunkernews 32/20

Deklaratioun zum «Etat de la Nation»: Dat war de leschte Dënschdeg am Mëttelpunkt. D’Situatioun bei eis ass net roseg mee dee selwechten Dag huet eis Fussball Nationalekipp e wichtege Match gewonnen. Et wier deemno méi agreabel gewiescht deen Dënschdeg eng Deklaratioun zum «Etat de la Nations League» ze héieren…

Reesen ëmmer méi komplizéiert: Op alle Plazen muss een beim Areesen seng Carte d’Identité oder säi Pass weisen. Op ëmmer méi Plazen muss een en negativen Test virweisen dee net méi al ass wéi 2 Deeg. Déi ganz streng Länner verlaangen och eng Carte d’Identité oder e Pass déi net méi al ass wéi 2 Deeg.

Brexit : D’Britten wëssen net konkret wéi a wéini si richteg eraus sollen aus Europa. Et misst een dat esou maachen wéi verschidden europäesch Länner mat der Ausgangsspär. D’Britten missten ab enger gewëssener Zäit och eng Ausgangsspär aus Europa hunn.

Supporter vum Trump: seng fanateschst an extremisteschst Supporter fannen datt de Virus positiv ass op den Trump a sinn erstaunt datt et dem Virus nach esou gutt geet.

Nees Mangel un Toilettëpabeier: Vü datt d’Zuelen zimmlech iwwerall klammen, hamsteren d’Leit nees. A Lettland a virun allem an der Haaptstad Riga ass d’Situatioun zimlech schro. D’Toi-Letten-pabeier ass rare an de Riga-ler vun de Supermarchéen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...