Flunkernews 33/20 vum Serge Olmo

Eng Première fir Halloween: Ech hoffen, datt d’Kanner net erféieren, wa si verkleet a maskéiert fir Halloween schelle kommen, an d’Leit déi si ëmfänken, och maskéiert sinn.

Vill Fäll an de Schoulen: D’Situatioun gëtt ëmmer méi komplizéiert wéinst Isolatiounen a Quarantainen. All Partei mécht sech hir Gedanken. Net nëmmen déi Gréng sinn also am Kontext vun de Covid-Fäll an de Schoulen école-ogisten.

Kierfecht: Verschidden Institutiounen oder Federatiounen hu ganz séier op déi ganz héich Covid-Zuele reagéiert, wéi de Bëschofsrot oder och d’Basketfederatioun. Et ginn am Basket op Allerhellegen zimmlech sécher keng Kierf markéiert an op de Kierfercher keng Griewer en publique geseent. Op Allerhellege wäert et deemno keng Diskussioun gi vu Kierf-echt.

Rekordmeeschter Jeunesse an der Kritik: Déi Escher hunn nieft engem griichesche President, verschidde Spiller aus Griicheland engagéiert an elo och e griicheschen Trainer. Firwat, fir um Terrain eng Dé-fett z’evitéieren, setzt een da grad op Graisse?

Et gesäit elo besser aus fir Google: Déi zwou bekanntste Sichmaschinne waren ëmmer Google a Yahoo. Iwwerall op der Welt schéngt sech Google duerchzesetzen. Bei eis zu Biissen gouf et eng gutt Noriicht am Kontext Datazenter. Zu Beetebuerg dogéint gouf et fir de Konkurrent näischt fir eng Yahoo-rt Firma z’implantéieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...