Flunkernews 34/20 vum Serge Olmo

Hausdéieren: Et kann een esouwuel viru 6 Auer erausgoen wéi no 23 Auer trotz Ausgangsspär wann ee mat sengem Hausdéier erausgeet. Et ass also ee vun den eenzege Moyenen fir ouni een Attest aus dem Haus ze dierfen. Firwat schwätzt een da grad an dem Fall vun Haus-déieren?

Allerhellegen: D’Paschtéier ginn dëst Joer e bësse geschount well si no hirem Rhythmus kënnen d’Griewer seenen an net am Stress vun engem Kierfecht op deen anere lafen a stonnelaang déi selwecht Beweegung maachen. Dëst Joer kréien si bestëmmt keng Seenenentzündung.

Confinement bei eise Noperen: Verschidde Pessimisten wëllen dësen laangfristeg virgesinn fir sech an Zukunft besser ze preparéieren an am Kalänner festhalen. Nieft de Joereszäiten wier dat emol de Moment en Fréijoers- an Hierschtconfinement.

Sport a Bewegung: D’Federatiounen ginn all hire sanitäre Plang un de Ministère virun fir weider kënnen hir Memberen an de Veräiner z’ëmfänken. Déi eng Federatiounen gesi méi Espace tëscht de Leit vir, anerer méi Protectiounsmaterial. Anscheinend soll d’Danzfederatioun d’Iddi proposéieren datt d’Koppelen Réck widder Réck wäerten danzen.

Rugby: De gréissten Turnéier gëtt effektiv fäerdeg gespillt trotz dëser ganz schroer sanitärer Situatioun. Vill Rugbysupporter hätten erwaart datt op de Vaccin gewaart gëtt. Aner Supporter freeën sech op den Tournoi des Vacc-six-nations.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...