United States am groussen Ëmbroch : No de Walen ass d’Land komplett gespléckt an dat bis an d’Famillen. Et ginn nämlech ganz vill Diskussiounen a Problemer an de Stéit. Firwat heescht d’Land de Moment dann United Stéits of Amerika?

Mail-in ballots: Den Donald Trump weess, datt d’Bréifwalen fatal fir hie waren. Hie wëll am Beschten an Zukunft guer net méi drun denken. Dat wäert schwéier sinn well hie jo all Dag beim Mail-inia Trump ass.

Walen ëmmer Dënschdeg: D’Presidentewalen an den USA sinn ëmmer op engem Dënschdeg och wann d’Resultater net ëmmer Dënschdeg definitiv sinn. Well do «erausgewielt» gëtt ass d’Wal ëmmer um Wochendag «Choose-day».

D‘Brëller lafen un : Elo fält dat nach méi op bei dëse fiichtkalen Temperaturen wann een e Mask unhuet. Verschiddener mierken dat net well si esou kuerzsiichteg sinn, datt si emol net bis bei de Brëll gesinn.

Belarus: De President Lukaschenko huet kee Problem géint de Wëlle vu sengem Vollek nach jorelaang um Rudder ze bleiwen. Hien ass esou iwwerzeegt vu sech, datt hien sech kënnt virstellen helleggesprach ze ginn. Fir hien ass dat esouguer vläicht e gutt Zeechen, datt d’EU elo kuerz géint hien «Sankt-tioune» geholl huet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...