Neie Vaccin fir geschwënn: Den nach amerikanesche President huet houfereg getweet no der Annonce vum amerikanesche Laboratoire Pfilzer. Dee Labo war jo bekannt ginn duerch d’Viagrapëllen. De President Trump wäert déi Pëlle kennen, well hie Problemer huet, mat senge Steieren an de Viagra jo gutt ass géint Impôts-tenz.

Bei eis nach kee Confinement: Grad dee Week-end, wou an de States en neie President gewielt gouf, si ganz vill Leit aus eise Nopeschlänner bei eis akafe komm, well et deelweis bei hinnen e Confinement gëtt. Et war de leschte Week-end eben „Buy-den“ ubruecht.

Bréifwalen: De President Trump huet en décke Problem mat de Bréifwalen. Hie seet, datt gefuddelt gouf a verschidde Leit, déi schonn dout sinn, och matgewielt hätten. A munchen autoritäre Regimmer stelle si sech do net esou vill Froen. Anscheinend hat de President Lukaschenko esouguer a Wäissrussland e Walbüro an engem Kierfecht installéiert.

Couvre Feu: Et kann ee jo just mat engem „Attest“ no 23 Auer ënnerwee sinn. Verschiddener fueren nawell mam Auto ronderëm, mä maachen d’Luuchte net un, fir net erwëscht ze ginn. Fir déi op der Strooss ze gesinn ass et och e richtegen „Aa-test“.

Et gëtt duerch gezunn: D‘Uefa spillt all d’Matcher wéi geplangt, obwuel de Covid iwwerall fir Upassunge suergt. Si hunn esouguer e Plang B an der Täsch. Falls ze vill Covidkranker kéimen, géifen si bei der UEFA dat Ganzt online duerchzéien zum Beispill iwwert d‘Playstation. D’Videospill géif UEFA-Covid 2020 heeschen.

Flunkernews 36/20 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...