Ass Chrëschtdag a Gefor? Lues a lues mussen d’Politiker decidéieren, ob Chrëschtdag relativ normal ka gefeiert ginn. Et stellt sech och schonn d’Fro, wéi et mam "Weihnachtsmann" senger Aarbecht op Hellegowend ka goen. De Couvre-feu ass jo vun 11 Auer owes bis 6 Auer moies. Dat kéint awer nach klappen, well dem "Weihnachtsmann" seng Assistente sinn "Elfen".

Black Friday: Dëse soll e Freideg sinn a gëtt a ville Länner zréck verluecht. A Frankräich ass en de 4. Dezember, also grad um Kleeserchers-Weekend. Do ass da bestëmmt de Kleeschen net frou, well op Black Friday wäert da säi schwaarze Gesell am Mëttelpunkt sinn.

Online Shopping: D’E-Commerce-Entreprisë reiwe sech d’Hänn, well fir d’Feierdeeg dëst Joer nach méi online wäert kaf ginn. Et wäerte Millioune Kartrongskëschte geliwwert ginn. Et ginn der, déi schwätzen dëst Joer vu Këschtdag.

Optiker vill gefrot: D’Leit gi bei hiren Optiker fir all klenge Problem mam Brëll. Déi lescht Zäit gi ganz vill Leit dohi, well mam Mask de Brëll permanent „uleeft“ an d‘Leit de Brëllespezialist ëm Rot froen. Den Optiker ass elo definitiv eng „Ulaf“-Stell.

Nees e Bancomat gesprengt: Et fänkt un e richtege Sécherheetsproblem ze gi fir d’Leit, déi bei deene Coffres-forts wunnen. Si haten och gemengt, datt deen Dag no der Explosioun zu Wuermer de Premier d’Press invitéiert hätt. Si hate sech eng PresseCoffr-enz erwaart.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

Flunkernews 37/20