Flunkernews 38/20

Ekonomesch Katastroph: Verschidde Beruffer froe sech ob si dëst Joer en 13. Mount wäerte kréien. Aner Beruffer kréie vläicht d’Quantitéit u Suen vum 13. Mount mee si hunn awer leider e groussen Deel vun den 12 éischte Méint net krut…

Geschwënn den Autosfestival: D’Konditiounen si net optimal mee d’Garagiste rechnen mat enger dach gudder Editioun well mat de ville positiv getestene Leit, loossen sech der ëmmer méi an Auto-quarantän setzen.

Vaccin en masse: Ass dat realistesch datt esou vill verschidde Vaccinen effikass solle sinn? Well vill Leit sech net wëllen impfe loosse wäert de Marketing sech amësche fir d’Clienten/Patienten geziilt unzezéien. Geschwënn gëtt et da warscheinlech e Vaccin speziell fir d‘Veganer, ee fir Lénkshänner…

Tennis a Quarantän: Am Fong ass et an deem Sport ëmgedréint wéi beim Covid. Am Tennis geet de Score vu 15 iwwer 30 an dann op 40. Bei de Quarantän goung et fréier vu 40 elo beim Covid erof bis ongeféier 15 Deeg.

Black Friday: Deen Dag nodeem nei national Consignen a Kraaft getruede sinn war bei eis e spezielle Black Friday. Verschiddener sinn dovun ausgaangen et kinnt e Black Hamsterkeef Friday ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...