Flunkernews 39/20

Tensiounen ronderëm d’Police: dëst bei eisem Noper Frankräich an dat wéinst engem Gesetzestext wou et verbueden soll sinn gefilmte Biller vun de Polizisten ze weisen. Verschidde Plattformen wieren awer intresséiert gewiescht déi Filmer ze bréngen a virun allem Net-Flics.

Wantersportverbuet: An de meeschte Länner bleiwen d’Pisten zou an dëst obwuel déi Professionell vum Sekteur all déi sanitär Sécherheetsmoosnamen kënnen ëmsetzen. Haaptsächlech wiere si an de Schigebidder gutt preparéiert fir déi positiv Fäll kënnen ze dé-Pist-éieren.

Klappjuegten verbueden: Et ass vill Oppositioun ze héieren vun de Jeeër. Vill Aktivitéiten, déi net méi kënnen stattfannen, kréien Chômage partiel. D’Jeeër maachen anscheinend och eng Ufro fir Chômage porc-iel zu kréien.

Bancomat: Et ass schonn eng Zäitchen kee Bancomat méi gesprengt gi bei eis. D’Police probéiert nach akribesch DNA-Spueren ze fannen an auszewäerten. D’Leit, déi d’Sue geklaut haten, maachen alles anescht wéi spueren a wäerten elo vill méi Suen ausginn wéi virun der Dot dofir fënnt ee bestëmmt keng DNA-spueren.

Brexit an d’Onkloerheeten: Et bleift nach esou vill an deem Kontext ze kläeren. D’Chercheuren schénge jo e gudde Laf ze hunn. Firwat gëtt nach kee Vaccin géint de Brexit gesicht?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...