Nei Ambassade : Abu Dhabi ass bekannt fir eng vun den dréchenste Plazen op der Welt ze sinn. Firwat gëtt da gesot, Abu Dhabi wier en Deel vun de ve-reenten Emirater?

Castor-Transport: Vill Leit panikéieren, wann si un di Zich denken, déi mat héich radioaktivem Knascht laanscht Wunngebidder fueren. Di Persoune sinn heiansdo depressiv, wann si un di Zich denken a missten bei en Zich-ologue goen.

Geheimnisser ronderëm deGuillaume: Och wann et tatsächlech déi an der Press genannte Fra ass, déi mat eisem Ierfgroussherzog zesummen ass, dann ass et nawell ze fréi fir eng „Noce Princière“ ze plangen. Mer denken all nach net un eng „Noss“, och wann d’Frëndin de „LANOIX“ sollt heeschen.

Sportler vum Joer: Wëll de Munnerefer Andy Schleck e Mount net méi dierf mam Auto fueren a Problemer huet, fir sech ze deplacéieren, a well awer den 2. vum Tour bestëmmt nees de Sportler vum Joer gëtt, ass d’Sportleréierung direkt zu Mondorf am Casino.

Footballschoul a Karting Pist: D’Spiller vun der Footballschoul zu Monnerech verléieren d’Relatioun net zum Arbitrage trotz der 3 Méint laanger Wanterpaus. Well si zu Monnerech nieft der Kartingspist sinn, gesinn si nämlech regelméisseg giel a rout Karten.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...