Flunkernews 40/20 vum Serge Olmo

Brëller lafen un: déi meescht Leit mat Brëll sinn enorm geplot well dësen ëmmer nees uleeft wann si de Mask un hunn. Elo bei dësem fiicht naasse Wieder ass et nach méi schlëmm. De Brëll riskéiert esouguer unzelafen och ouni dësen op der Nues ze hunn.

Solidaritéit tëscht Generatiounen: Déi Jonk wëssen datt si sech am Prinzip net fir sech impfe loossen mee fir d’Leit «nieft» hinnen a virun allem fir déi Vulnerabel. Si erwaarden sech deemno «Niewe»wierkungen vum Vaccin.

Sécherheetsagenten: Dës privat Agente goufe viru Kuerzem an der Stad agesat. Welch Berechtegung hu si? Gutt datt si en Hond dobäi hunn wann si hir Ronnen dréinen, soss dierften si warscheinlech emol net tëscht 23h a 6h eraus.

Illuminatiounen fir Chrëschtdag: Dës Joer an der Pandémiezäit ass et nach méi wichteg fir d’Moral fir säin Haus schéin ze decoréieren. Et sinn der déi schwätzen an dëser Zäit och vu Chrëschtdé-corona-tiounen.

Dieren opmaachen: An dëser Joereszäit hunn d’Schlässer ganz vill Aarbecht. Net nëmmen well dacks d’Schlässer zougefruer sinn mee och well vill Leit d’Dieren net opkréien vun den Adventskalänner.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...