Flunkernews 41/20 vum Serge Olmo

Kontrollen: Am ëffentlechen Transport goufe jo soss d’Tickete kontrolléiert. Elo an der Covid-Zäit kucken d’Kontroller, wien eng Mask unhuet. Fir ze wëssen, wie scho kontrolléiert gouf, ginn dann do och d’Maskenmat engem Scanner validéiert?

Silvester: Fir datt et op Silvester zu kengen Usammlunge vum Mënsche kënnt, wier et do net ubruecht, datt international decidéiert géif ginn, datt d’Auer vun 23 Auer 59 direkt op 1 Auer spréngt?

Endlech de Vaccin: A Groussbritannien an an den USA gouf déi Persoun, déi fir d’éischt geimpft gouf, weltbekannt. Wier et net méi ubruecht gewiescht, well ee jo leidenschaftlech op de Vaccin gewaart huet, datt déi Persoun bekannt gëtt, déi d’Impfung mécht?

Dopping: Déi russesch Athleten gi wéinst Dopping 2 Joer gespaart. Si kënnen also net bei de nächsten Summer- a Wanterspiller matmaachen. A Plaz d’Athleten andauernd ze testen, kann een dann do kee Vaccin fannen, géint den Dopping?

Ekonomesch Kris elo fir Chrëschtdag: A ville Länner ginn et wéinst der Kris ëmmer méi Chômeuren an et gëtt leider net vill un d’Chrëschtkëndche geduecht, mä op ville Plazen méi un d’Chrëscht-kënnegen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...