Flunckernews: Réckbléck Deel 1

Feiere ganz kleng halen: Am Confinement kann een also d’Gebuertsdeeg just am klenge Kader feieren. A Propos; et fänkt ee richteg un al ze ginn, wann ee fir säi Gebuertsdag manner Euroe geschenkt kritt, wéi ee Jore feiert.

Schwéier erkennbar: Vill Leit gi jo mat hiren Hënn spadséieren. Am Normalfall seet een dem Meeschter Moien, well een dëse vu Wäitem erëmkennt, mee elo an dëser Krisenzäit, a well d’Leit Masken unhunn, erkennt een als éischt emol den Hond.

Mentalitéitswandel: Virum Covid hunn a Versammlungen d’Leit haart gehouscht, fir datt kee mierkt, datt ee gepuupt huet. Mëttlerweil pupen d’Leit haart, fir net ze weisen, datt si houschten.

Leit eleng am Auto mat Mask: Dat schéngt richteg onlogesch ze sinn, well ee jo keen ustieche kann. Vläicht hunn d’Leit Masken un, well si fäerten iwwerrascht ze ginn, wann en Accident géif geschéien. Déi Leit fäerten eng Maske-Karambolage.

Nei Zäit: Soss hu mir ëmmer op de Meteositten d’Temperature gekuckt éier mir an d’Vakanz geflu sinn. Elo sinn d’Chancë grouss, datt wa mir an d’Vakanz fléien, eis Temperatur wäert gekuckt ginn…wa mir ukommen.

Brong ginn: An der Zäit hat een, wann een gutt vun der Sonn profitéiert huet, d‘Mark vum Maillot op den hënneschte Baken. Neierdéngs mam Unhu vun de Masken huet een éischter d‘Mark vun der Mask op de Bake vum Gesiicht.

Vill Entreprisen zou: Beim éischte Confinement wéi och elo beim zweeten, proposéiere vill Restauranten en Take Away. D’Coiffeuren hunn awer all zou. Verschiddener sinn net frou driwwer a fannen dat net gerecht, well si gehéieren hirer Meenung no jo och zum Hoer-esca-Secteur.

Verleeën: Vill Manifestatioune goufe bei der éischter Well an den Hierscht verluecht, well keng Spectateuren hunn dierfe kommen an dat op kulturellem oder op sportlechem Plang. Déi International Meditatiounskonventioun sollt am Hierscht sinn. D’Organisateuren haten dës awer virverluecht, fir relax ouni Public kënnen ze funktionéieren.

Fändelen fir Nationalfeierdag: Op relativ villen Haiser houngen d’Fändelen de breede Wee un de Fassaden. Et hat grad an dëser Zäit e bëssen ausgesinn, wéi wann déi Haiser eng Mask un hätten.

Stéckstoff: Mat de Maske kritt een net gutt Loft besonnesch mat deene stoffenen. Kee Wonner an der Loft ass bal 80% Stéckstoff an esou eng Mask ass och e Stéck Stoff.

Eis Klengst: Ech war e bësse schockéiert wéi ech d’lescht an enger Crèche e Bëbee mat enger Mask gesinn hunn. Gottseidank war et awer nëmmen eng grouss Suckel.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...