Flunkernews Réckbléck 2. Deel - vum Serge Olmo

D‘Brëller lafen un : Elo fält dat nach méi op bei dëse fiichtkalen Temperaturen wann een e Mask unhuet. Verschiddener mierken dat net well si esou kuerzsiichteg sinn datt si emol net bis bei de Brëll gesinn.

Bankomater reegelméisseg gesprengt: Firwat gëtt bei deenen Attacken ni vun Terrorismus geschwat. Am Bankemilieu, wou ee sech jo gutt mat Bankkonten auskennt, gëtt gemunkelt datt déi Attacken vun Tal-IBAN  wieren.

Kal Zäiten: D’Leit organiséieren sech all Joer fir d’Wanterpneuen opzesetzen. A Propos; wier et net vläicht sënnvoll Summer- a Wantermasken virzegesinn?

Tensiounen ronderëm d’Police: dëst bei eisem Noper Frankräich an dat wéinst engem Gesetzestext wou et verbueden soll sinn gefilmte Biller vun de Polizisten ze weisen. Verschidde Plattformen wieren awer intresséiert gewiescht déi Filmer ze weisen; virun allem Net-Flics.

Contrôle Technique: Wann et esou weider geet mam Covid dann ass geplangt datt an Zukunft beim Contrôle Technique gekuckt wäert ginn ob an engem Auto nieft 5 giele Gilete och 5 Maske sinn….

Eis bescht Frënn: An all Land sinn d’Hausdéieren am Fong quasi deen eenzegen Alibi fir aus dem Haus ze dierfen. Et ass deemno komesch datt grad dës Déieren Haus-déieren heeschen.

Moud och bei de Masken: Esou wéi fréier d’Schwammkleeder fir Fraen fir d’éischt aus engem Stéck waren, huet sech herno de Bikini duerchgesat. Et ass elo bei e puer Moudendesigner fir d’Dammen d’Iddi opkomm e Mask aus zwee Elementer ze maachen. Een Deel soll de Mond iwwerdecken an deen aneren d’Nues. Et wier also e Genre Mask-kini…

Allerhellegen: D’Paschtéier goufen dëst Joer e bësse geschount well si no hirem Rhythmus konnten d’Griewer seenen an net am Stress vun engem Kierfecht op deen anere gelaf sinn a stonnelaang déi selwecht Beweegung gemaach hunn. Dëst Joer krute si bestëmmt keng Seenen-entzündung. 

Sport a Beweegung: D’Federatiounen hunn hir sanitär Pläng un de Ministère weider ginn. Déi eng Federatiounen gesi méi Espace tëscht de Leit vir, anerer méi Protectiounsmaterial. Anscheinend soll d’Danzfederatioun d’Iddi proposéiert hunn datt d’Koppelen Réck widder Réck sollten danzen.

Impfung: Et ass ee gewuer ginn datt eng Fra ënnerwee wier déi d’Männer opsiche géif déi Recherchen am Kontext Impfstoff maachen. Si wëll di Männer fannen an eppes mat hinnen hunn. Déi Fra ass eng Impfomanin.

Ekonomesch Katastroph: Verschidde Beruffer hate sech gefrot ob si dëst Joer en 13. Mount  kréie géifen. Aner Beruffer krute vläicht d’Quantitéit u Suen vum 13. Mount mee si hunn awer e groussen Deel vun den 12 éischte Méint net krut…

Reesen ëmmer méi komplizéiert: Op alle Plazen muss een beim Areesen seng Carte d’Identité oder säi Pass weisen. Op ëmmer méi Plazen muss een e negativen Test virweisen dee net méi al ass wéi 2 Deeg. Déi ganz streng Länner verlaangen och eng Carte d’Identité oder e Pass déi net méi al ass wéi 2 Deeg.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...