Flunkernews 01/21 vum Serge Olmo

Skandal am Rugby: D’Fransousen impfen am Verglach zu deenen anere Länner vum groussen internationalen 6 Lännertournéier esou lues, datt si, wann et esou weider geet, net dierfen matmaache beim nächsten «Tournoi des Vacc6-nations».

Suitte vun der Kapitol-Attack: Wéi am Ufank vum Trump senger Presidence hunn d’Mexikaner och elo nach e risege Problem mat der Mauer op hirer Grenz. Soss hu si gefaart, net an Amerika kënnen ze goen, an elo fäerten munch Mexikaner, wéinst deene villen Trump-Fanatiker, bei der Mauer blockéiert ze ginn, wann si zréck an hiert Land wéilte flüchten.

Geschwënn den Autosfestival: Vue datt zanter Joerzéngten an den Autoen Händschekëschte sinn ouni datt een do Händche verstaut, soll vum Autosfestival un, an dat wéinst der sanitärer Situatioun, dat Gefaach zu enger «Maskekëscht» ginn.

Darts-WM zu London: Deen Event gëtt ëmmer an England organiséiert an och elo, wou enorm vill geimpft gouf. Grad wärend der Darts-WM gouf also ganz vill vu PFeil-ser geschwat.

Chrëschtbeemercher: Dës ginn a de meeschte Gemenge vun de zoustännege Servicer ewechgeholl. Am Fong hate mir awer e kënschtlechen Chrëschtbeemchen, mä natierlech Bullen. Déi kënnt awer keen virun d’Dier sichen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...