Flunkernews 02/21 vum Serge Olmo

Den Trump isoléiert: Den Nachpresident wäert net bei der Vereedegung vum Joe Biden dobäi sinn. Warscheinlech wäert den aktuelle President traureg op New York a säin Héichhaus goen. Den 20. Januar ass Trump-trauer ugesot.

Keng Visitt an Europa: Den US Ausseminister Mike Pompeo kënnt net an Europa an deemno net op Lëtzebuerg an dëst inoffiziell bestëmmt wéinst der Impeachment Prozedur. D’Belsch sinn enttäuscht. Et war nämlech eng Visitt vum Manneken Peach virgesinn.

Vill Schnéi och bei eis: Muench Leit kritiséieren datt d’Gemengen net genuch mat Sand streeën. Dat kann een sech effektiv soen wann een d’Biller vum Rallye Dakar gekuckt huet.

De Poopst ass fir de Vaccin: Hien huet dat däitlech gesot. Et si scho vill Vaccinsdosissen an de Vatikan bruecht ginn wéi och Sprëtzen an Nolen fir déi Sprëtzen. Deen deen sech drëms gekëmmert huet war natierlech e Kardi-nol.

2 Gorillaen Covid-positiv: Dat huet den Zoo vu San Diego matgedeelt. Anscheinend ass elo e Grupp Chercheuren domadder befaasst ginn e Vacc-singe ze sichen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...