Flunkernews 03/21 vum Serge Olmo

Telefonéieren mat Mask : Et versteet een eng Persoun dacks net gutt wann dës um Telefon ass an eng Mask unhuet. Dat ass mir haaptsächlech opgefall wann den Telefonat vun engem Numéro masqué war.

Online ëmmer méi In: Et ass wierklech praktesch esou ze bestellen virun allem well een, am Fall vun engem Problem, de Produit nees kann zréck ginn. Ech krut awer eemol refuséiert eppes “zréck ze schécken” an dat war grad bei engem Boomerang deen ech bestallt hat.

Trève hivernale fir d’Locatairen : Normalerweis kënne Famillen mat Kanner oder och eeler Leit net tëscht dem 1. November an dem 31. Mäerz aus hirem Doheem virun d’Dier gesat ginn. Et wonnert een datt den Donald Trump dat net ausgespillt huet.

Impfkaart: Dat ass international am Gespréich fir d’Auslandsreesen. A noer Zukunft wäert een dës och musse weisen fir zum Beispill op e Concert ze goen. Warscheinlech wäerten d’Patronen dës dann och froen bei der Sich no enger Aarbecht. Den aktuellen “CV” gëtt da vläicht d’ “C”arte de “V”accination.

Handball WM an Haarz: Am Sport steet elo d’Handball WM am Mëttelpunkt. Et gesäit een do am Fong kee Spiller mat Mask um a ronderëm dem Terrain. Dat ass kee Wonner. Hutt dir scho probéiert eng Mask un- an auszedinn mat Haarz un de Fangeren ?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...