Kris: Mat der aktueller Finanzsituatioun op der ganzer Welt gi manner Cadeauen kaf an dem Kleeschen seng Hotte ass bestëmmt manner voll. Et ass dëst Joer den St. Ni-Cola light.

LAR bleift: Et war jo ee Moment gefaart ginn datt di Lëtzebuerger Air Rescue d’Land géif verloossen. Glécklecherweis  huet den zoustännege Minister eng Léisung proposéiert. Et war Zäit ginn Här Wise-LAR.

2 Kandidaten fir den Ombudsmann: Nieft dem Lydie Err huet de Roy Reding seng Kandidatur gestallt fir dem Marc Fischbach seng Plaz ze kréien. Et ass definitiv eng Affär vun « r »en. Hoffentlech soe mer net geschwënn Adé-Err.

Den David Murray muss sëtzen goen: Dem Michael Jackson säi Cardiologue huet vill vum King of Pop sengen Songs profitéiert. Elo muss hien fir 4 Joer a verschidde Pri-songs.

Trainerwiësselen : De Carlo Weis ass net fort gaangen vu Péiteng an Direktioun RM Hamm fir e puer Cents méi ze kréien. Et ass och Zoufall datt den Terrain vum RM Hamm um Cents ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...