Flunkernews 04/21 vum Serge Olmo

Net schwätzen : A Frankräich gëtt de Leit am Kontext Covid an der Ëffentlechkeet ugeroden net ze schwätzen a natierlech och net ze telefonéieren an dëst fir manner « Goutteletten » an der Loft ze verbreeden. Elo ginn deemno d’Leit mat hirem Handy an déi “gutt al” Telefonskabinnen fir do mam Handy kënnen unzeruffen.

Coiffertourismus bei eise Noperen: Soss sinn d’Leit virun der Vakanz bei de Coiffer gaangen. Elo ass bei Verschiddener d’Sortie bei de Coiffer u sech d’Vakanz.

Onlinecoursen ëmmer méi In: D’Léierpersonal fillt sech ëmmer méi wuel domadder. Verschiddener maachen esouguer Onlinecoursen wann si d’Kanner am Schoulsall hunn.

Autosfestival : Den Autosmodell ass séier erausgesicht mee bis gewosst ass welche Model vu Prêt ee soll huelen, dat ass komplizéiert. Vill Leit froen sech e puer Rendez-vousen. Muncher een gëtt säin ale Prêt an d’Reprise.

Take away: Dat ass ëmmer méi aktuell an dëst net nëmmen am Horeca Secteur. Et ginn ëmmer méi Produiten bei d’Leit heem geliwwert. Et ass esouguer eng Tankstell déi Take Away vu Benzin wëll ubidden.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...