Flunkernews 5/21 vum Serge Olmo

PCR-Tester: Dës ginn ëmmer méi gefrot. Op verschiddene Plazen op der Welt muss een e PCR-Test vu manner wéi 72 Stonne virweisen, fir sech teste kënnen ze loossen.

Take Away: Dëst ass d’Rettung fir verschidde Restaurateuren an hir Käch oder Serveuren. An trotzdeem kann een op deene meeschte Plazen net mat Digi-Käch bezuelen.

Autosfestival: Vill Eltere kafen hire Kanner en Auto an trotzdeem fält et op, datt vill manner Kanner de Gebuertsdatum vun hiren Elteren ufroen, fir op d’Autosplaque, wéi Elteren, déi de Gebuertsdatum vun hire Kanner drop hunn.

Liichtmëssdag: Et ware vill manner Kanner liichte wéi soss. Allerdéngs hunn e puer Kanner profitéiert, well si d’Masken unhaten a kee si erëmerkenne konnt, fir e puer Mol bei déi selwecht Leit schellen ze goen.

Fluchgesellschaften: Et ass elo quasi weltwäit ugeholl, datt d’Airlines, fir ze fléien, en negativen PCR-Covid-Test froen. Et gëtt esouguer vu PC-Airlines geschwat.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...