Flunkernews 6/21 vum Serge Olmo

Analysen: Et ass bei eis am Land festgestallt ginn datt am Ofwaasser d’Presenz vum Virus méi héich ass wéi virun e puer Deeg. Soll ee vläicht Vaccin an d’Ofwaasser geheien?

Schoulen a Betreiungsstrukturen: Just d’Crèchen funktionéieren de Moment fir déi ganz Kleng. Kann een net och vläicht d’Restauranten opmaachen fir d’Puppelcher oder d’Caféen fir Kanner ab 18 wuelverstanen 18 Méint ?

Affär Semedo: Déi ganz Affär gëtt esou an d’Längt gezunn wéi eng Ziehharmonika mengen déi eng. Verschidden anerer soen déi Affär wier “mat den Hoer erbäi gezun". Ass et vläicht dowéinst datt ee vun “Zieh Haar Monica” schwätzt?

Fussball: Et ass dës Woch 2 Mol noeneen gewiescht datt d’Matcher vun der héchster Divisioun wéinst den gefrueren Terrainen ofgesot goufen. Schwätzt een dowéinst vu B-Gel Ligue?

Mesures barrières bei den Australian Open: Verschiddener, déi näischt vun deem Sport verstinn, mengen datt e Netz tëscht de Spiller ass als Protektioun géint de Virus.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...