Flunkernews 7/21 vum Serge Olmo

Stockage vum Vaccin: Et ass jo gewosst datt de Vaccin vun AstraZeneca idealerweis bei tëscht 2 an 8 Grad soll bleiwen. Verschidde Leit déi dee Vaccin kruten an dat héieren hunn, maachen bei sech doheem keng Heizung méi un.

Fussball: Et ginn déi nächst Wochen ganz vill Matcher bei eis nogespillt. Soss gouf vun englesche Woche geschwat. Elo gëtt op der Insel, wa ganz vill noeneen gespillt gëtt, vu lëtzebuergeschen Woche geschwat.

Couvre-Feu: An Holland gouf dësen vun engem Geriicht als illegal ugesinn mee et ginn elo Recoursen dogéint. Et kéint dorobber erauslafen datt verschidde Commercer och owes spéit kënnten hir Dieren ophalen. Et wieren dat keng Coffeshops mee Covidshops.

Ëmmer méi Tëleessender: Soss ass dat reegelméisseg virkomm datt engem de Numm vun enger Serie oder engem Film net bekannt war; elo ass et dacks carrément de Numm vum Sender deen ee net kennt.

Buergbrennen: Et dierf op munchen Plazen organiséiert ginn fir de symboleschen Enn vum Wanter ze feieren. Et hofft een d’nächst Joer kënnen kënne fiktiv d’Covidzenteren ze “verbrennen” fir symbolesch de Schluss vum Covid ze feieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...