Flunkernews 8/21 vum Serge Olmo

Large-scale: Fir e Rendez-vous ze froen muss ee jo ëmmer eng einfach Rechnung “meeschteren” wéi zum Beispill wat ass d’Hallschent vun 10 oder wéivill ass 8+3…Ech kennen een dee mengt hie wier schonn zanter Méint a Quarantän well hien ëmmer bei däer Operatioun op e positiivt Resultat koum…

Verwaltungsrot: hei am Land gouf jo vill driwwer debattéiert well Memberen vun engem Verwaltungsrot sech impfe gelooss hunn obwuel et der Impfstrategie no nach net un hinne war. Anscheinend gëtt elo fir där Polemik en Enn ze setzen e Vaccin gesicht fir d’Verwaltungsréit.

Rugby a Covid: De Match vun der franséischer Nationalekipp vum Weekend gouf verluecht well 16 Positiver an der Ekipp sinn. Et gouf sech net un d’Mesures Barrières gehalen wat eng Polemik ausgeléist huet. Et gëtt sech op d’Normalitéit am Rugby virbereet. D’Spectateuren dierfen geschwënn op den Terrain, d’Fro am Rugby ass awer wéivill Spiller dierfe ee mateneen an de Stadion loossen?

Europäesch Kompetitiounen: Verschidde Matcher vun der Champions League an der Europa League mat britteschen Ekippen ginn op neutralem Terrain gespillt haaptsächlech wéinst der brittescher Variant vum Virus. Grad an deene Matcher gouf dacks de Video Assistant Referee agesat. Et gouf definitiv vill vu VAR-iante geschwat.

Impfpass: Dësen ass europawäit am Gespréich. Vläicht muss een dee geschwë virweisen fir ze reesen. Vläicht gëtt et herno an de Fligeren nieft der Buisness class och eng Vaccin class. Mat e bësse Chance kënnen vläicht déi Passagéier da nees Lëtzebuerger Crément op de Luxairflich offréiert kréien?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...