Flunkernews 9/21 vum Serge Olmo

Et geet villen net séier genuch: Vü datt d’Personal am Gesondheetssecteur mat Recht als prioritär ugesi gëtt fir den Anticovid Vaccin, stellen sech verschidde Leit d’Fro ob si net sollen e Studium an déi Richtung ufänken. Vläicht sinn si éischter domadder fäerdeg éier et un hinnen ass fir sech impfen ze loossen.

Allméiglech Léisungen : A munche Länner kënnen verschidde Professioneller vun der Santé mathëllefen bei der Impfung wéi zum Beispill Veterinairen, Aaendokteren oder esouguer aner Spezialisten déi präzis picke kënnen. A Groussbritannien gëtt esouguer un Dartsspiller geduecht fir datt et méi séier geet.

Auswiesslungen: Am Fussball reegen sech d’Trainer op datt ee nëmmen 3 Spiller kann auswiesselen a net 5 wéi am Ausland an dat trotz dem intensive Programm. Wat sollen d’Arbitter da soen. Si hunn och all puer Deeg e Match a mussen déi 90 Minutten duerhalen.

Obligatorescht Impfen : Vill Leit wëllen d’Impfung obligatoresch maachen fir all déi Persounen déi Groussjäreg sinn ; esou wéi bei de Walen. Bei de Walen gi wéineg Leit iwwer 75 Joer dohin well si de Choix hunn, an dësem Fall wier dat sécher net de Plang.

Den Trump geimpft: Den ex President huet dat an aller Diskretioun gemaach. Vill vu sengen fervente Supporter si net frou driwwer well dës och Anti-Vaccin Supporter sinn. Fir si huet den Trump si verroden. Hätten si dat éischter gewosst dann wier vläicht d’Impf-peachmentprozedur duerch komm.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...