
Manif am Stolsecteur: Um Mëttwoch war bei grausamem Wieder di grouss Manif fir eise Stolsecteur z'ënnerstëtzen. Um Donneschdeg gouf et leider vill Krankeschäiner. Di meescht haten eng Mittal-ohrentzündung.
Staatsbudget 2012: Fir d'CSV war et kloer, datt et e Staatsbudget géif gi vun de rouden Zuelen, dofir war et logesch, de Gilles Roth als Rapporteur ze nominéieren.
Ethylotest a Frankräich: Greenpeace ass dogéint, well bei der Testphas erauskoum, datt op den Testplazen d'Natur méi belaascht gouf. Hei sinn nämlech d'Chauffeure fir d'éischt blose gaangen an hunn den Auto ugemaach. Dono si si eréischt een huele gaangen.
Kamäibrand an der Nuecht op den 6. Dezember: De Kleeschen a besonnesch säin Assistent hunn hir Kleeder a Brand gestach, wéi si duerch muench Kamäiner geklomme sinn. Et waren zum Gléck keng grouss Bränn, mä Bränn ouni Flam a fir genee ze sinn Hou-sickerbränn.
Equipe vum Joer: D'Football-Nationalequipe ass d'Equipe vum Joer 2011. Den CS Gréiwemaacher ass kloer d'Equipe vun der Saison an den Dan Huss ass bis elo de Spiller vun der Saison am Joer 2011 no Christ Huss.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...