Flunkernews 10/21 vum Serge Olmo

Historesch Visitt am Irak: De Poopst Franziskus huet seng wichteg Rees gutt hannert sech bruecht. Verschidde Chrëschte fannen dat schued, datt et net e puer Woche méi spéit war an zwar fir Ouschteren. Dat wier dach e flott Symbol gewiescht, Ouschtereeër ze verschenken u seng Supporter awer och un déi Irakesch Eier-tolahen…

Impfweltmeeschter: Israel ass schonn esou wäit mam Impfen, datt si geschwë beim Impfe vun den Embryoe wäerte sinn.

Wellen: Bei eis hate mir jo eng 1. Well an och eng 2. Et gëtt och vill vun enger 3. Well geschwat. Et ass schwéier, esou eng Well ze definéieren. Kloer ass awer datt mir nach keng Impfwell haten.

Interview vum Meghan a vum Harry: Millioune Leit, an dat net nëmmen a Groussbritannien, hunn dat op der Tëlee suivéiert. Déi zwee sinn anscheinend net méi vum Harry senger Famill gedult ginn a si hunn hir Titele verluer. Et gëtt elo gesot, datt den Harry esouguer geschwë kéint Harry Markle heeschen.

Sech amuséieren: All déi Aktivitéiten, bei deene sech vill beweegt, respektiv vill gedanzt gëtt, wäerten nach eng Zäit verbuede bleiwen. Et wëll jo keen, datt den Insi« dänz » Taux an d’Luucht geet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...