Flunkernews 11/21 vum Serge Olmo

Laang Waardezäiten: Mëttlerweil dauert et ganz laang fir e Rendezvous ze froen fir sech testen ze loossen fir an d’Vakanz. Et gëtt neierdéngs de Leit ugeroden fir d’éischt en Test ze reservéieren an dann eréischt hir Vakanz ze buchen.

Drive in: An Amerika gëtt masseweis geimpft an dat och an Drive-innen. Eng Fastfood-chaîne huet esouguer verschidde Reie virgesinn. Et kann een also eng File eraussichen fir säin Hamburger mat an eng ouni Impfung ze kréien. Anscheinend ass an der Rei mat Impfung d’Zooss méi pickeg.

Herpes: Ganz vill Päerd si leider de Moment immens krank wéinst dem „Equinen Herpesvirus“ dee sech enorm verbreet huet. Verschiddener soen datt dësem säin Ursprong zu „Hue“-han wier…

Zäitgläich: Grad deen Dag wou de Sëlwerfuuss zu Nidderaanwen gesi gouf koum d’Affär eraus ëm de Frank Engel. An där Affär soll et ëm „Fox an Usage de Fox“ goen.

Just nach bei der Elite: Am Fong gëtt nach just an den héchsten Divisioune gespillt a prinzipiell nëmmen an de sponsoriséierte Championnater wéi d’BGL Ligue, d’Total League, d’Axa League, d’Novotel-Ligue oder och d‘BDO TT-League. Dat ka nëmmen Zoufall sinn…Et wier gutt fir dee Secteur séier e Championnat z’organiséieren wat "Horeca League" kinnt heeschen wou een sech op d‘3. Halbzeit géif spezialiséieren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...