Flunkernews 12/21 vum Serge Olmo

D’Terrassen geschwënn op: Wann een Ufank Abrëll op eng Terrasse wäert iessen oder eppes drénke goen, gëtt engem säi Numm, d’Telefonsnummer an d‘Adress wärend 3 Wochen gehalen. Et muss ee ganz fréi u sinn fir ze reservéieren. Et kann deemno gutt sinn datt ee säi Numm, d’Telefonsnummer an d’Adress och schonn 3 Wochen virdru muss uginn…

Geschwë keng gratis Tester méi: Dëst fir an d’Vakanz ze fueren. Dat mécht deen desagreabelen Moment vum Test, wou een dacks leider e bëssen Spaut verbreet, nach méi desagreabel. Kann een dann do wéinstens mat „Digi-Crache“ bezuelen?

Covidfall am Prisong: An den „Zellen“ zu Schraasseg gouf also ee positive Fall depistéiert. Et huet sech bestëmmt d’“Cellule“ Covid hei am Land drëms gekëmmert.

D’Herpesinfektioun bei de Päerd hëlt zou: Et gëtt jo déi lescht Zäit bal fir alles eng Pressekonferenz organiséiert. Firwat dann net och heifir eng Her-Pessekonferenz maachen?

D’Polemik am Kontext WM 2022 am Katar: Dëst haaptsächlech wéinst Problemer mat de Mënscherechter. D’Rout Léiwen hunn dat richteg gemaach, vläicht kinnten déi aner Länner dat och esou duerchféieren. Eis Nationalekipp huet nämlech de Lännermatch auswäerts géint de Katar an engem anere Land gespillt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...