
Restauratioun a Schoulreform : An der Restauratioun muss ee bei engem Fleesch, an zwar beim Kalleffleesch oder veau, net soen, ob een et à point wëll oder net. Och beim Mady Del-veau soll een de Moment net « à points » soen.
Keng Tripartite: De Pierre Bley, Direkter vun der UEL, der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, ass rosen, datt hien net bei de Regierungsdecisiounen dobäi war. Hien ass besonnesch enttäuscht, well e Mëttwoch schonn eng aner Tripartite war an do war hien och net um Dësch. Dat frustréiert d’UEL enorm, datt kee Bley bei der Stoltripartite war.
Miss Saudi Arabien: Vill Leit hunn hei de Kapp gerëselt, datt eng Fra gewielt gouf an engem Concours, wou d’Gesiichter vun de Kandidatinnen hannert der Burka verstoppt waren. Fir d’Wieler dohannen war et emol kee gréissere Problem, datt di Misswahl just um Radio iwwerdroe gouf.
Ongerechtegkeeten an der Schoul: An der Belsch huet e Schüler eng Datz krut an engem Examen zu engem 200 Säiten décken Buch. De Prof hat gesot, d’Schüler sollten d’Halschent vum Buch liesen. De Schüler hat wuel d’Halschent gelies mä krut 0. Et huet sech erausgestallt, dat hie vun der Säit 100 bis de Schluss gelies hat.
Footballspiller am Leed: De Frank Ribéry an de Mario Mutsch hu Problemer zanter si vum FC Metz fort sinn. De Ribéry mat sengem Transfert op Marseille an de Mutsch no sengem Transfert op Sion. De Ribéry huet d’Flemm, well de Star bei Bayern de Mario Gomez ass an net méi hien an hie seet dem Lëtzebuerger Nationalspiller: “Mario GO METZ”.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...