Showbiz a Sport: De Paris St. Germain, deen zu Investisseuren aus dem Qatar gehéiert, engagéiert de weltberühmten engleschen Ex-Nationalspiller David Beckham. De Qatar ass en islamescht Land, wou keng Ham an allgemeng kee Schwéngefleesch giess gëtt. Komesch datt do de Beck-Ham engagéiert gëtt.

Skandal ronderëm déi geféierlech Broschtimplantater: Et ass e ganz neien a sécheren Implantat eraus, deen dee geféierlechen ersetzt. Den Implantat kënnt aus Mexiko an ass eng Mëschung tëscht Silikon, Bounen a Fleesch. Et ass dat Silikon Carne.

Sträit tëscht der Tierkei a Frankräich: Nom Vote vum Genozid-Gesetz bei eisem Noper soen d'Tierken, d'Fransousen sollen emol virun hirer Dier kieren nom Krich an Algerien. De Moment ass et zwar an de franséische Gemengen esou, datt ganz dacks Nordafrikaner a besonnesch Algerier virun den Dieren vun de Fransousen kieren ...

Doud vum Kim Jong Il an Nord Korea: Säi Fils Kim Jong Un gëtt den Nofolger. De Fondateur vum Regime war 1948 de Kim Il-sung an den aktuelle President vun hirer Assemblée ass den Kim Young-nam. Heeschen d’Politiker esou dacks Kim, well d’Nordkoreaner di lescht fanatesch Kimuniste sinn?

Riseg Iwwerraschung am Volleyball: Am europäeschen Challenge Cup huet jo Stroossen sensationell Modena aus Italien eliminéiert. Munchereen mengt, et wieren net di richteg italienesch Spiller gewiescht a si wëllen eng DNA-Prouf vun de Spiller vu MO-DNA froen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...