Regierungskris an der Belsch: Well de Bart De Wever carrément alles blockéiert hat, fir keng Regierung ze kréien, haten d’Wallounen decidéiert, di éischt Lektioun vum engleschen Unterrecht ze veränneren: Soss stoung do "The Weather is fine", elo fänke se di éischt Lektioun u mat "De Wever is not fine".

Kannerbetreiung: Dës Rentrée goufen nees vill méi Kanner ageschriwwen. D'Nimm ginn ëmmer méi komplizéiert oder verschiddener hunn di selwecht Nimm. Et ass mëttlerweil heiansdo méi einfach, fir d’Matricule vun de Kanner ze verhalen wéi hiren Numm.

Patchwork-Familljen oder nei Famillje mat anere Partner:
Am Fong ass Valentinsdag net esou schlecht, well do kann een net vill falsch maachen. Et verwiesselt een awer di aner speziell Deeg. Ee Kolleg wollt nämlech säin Hochzäitsdag feieren. Et war och de richtegen Dag, mä mat der falscher Fra.

Vakanzenzäit:
An der Vakanz beweegt een sech manner, et faulenzt een an et huet een Zäit, fir ze liesen. Déi Kiloen, déi een an der Vakanz bäihëlt, sinn dacks proportional zum Gewiicht vun de Bicher, déi ee liest.

D’Sprangprëssessioun gëtt méi modern: 3 Deeg nom Nuetsmarathon hate verschidde Gruppen, besonnesch mat eelere Leit, net de ganze Parcours zu Iechternach gepackt. Fir di nächst Editioun soll, genee wéi beim Nuetsmarathon, e Semi vun der Sprangprëssessioun virgesi sinn.

Den Nicolas Sarkozy nees Papp:
Dëst ass en intelligente Schachzuch vum franséische President, dee vläicht net méi ganz laang am Elysée ka bleiwen. Hie weess, datt egal wat hie mécht, tëscht dem 1. November an dem 15. Mäerz keen expulséiert ka ginn an och dono ass et bal onméiglech, eng Famill mat engem Bëbee aus enger Wunneng ze kréien.

Ethylotest am Auto, éier ee fiert: Greenpeace ass dogéint, well bei der Testphas erauskoum, datt op den Testplazen d'Natur méi belaascht gouf. Hei sinn nämlech d'Chauffeure fir d'éischt blose gaangen an hunn den Auto ugemaach. Dono si si eréischt een huele gaangen.

Miss Saudi Arabien:
Vill Leit hunn hei de Kapp gerëselt, datt eng Fra gewielt gouf an engem Concours, wou d’Gesiichter vun de Kandidatinnen hannert engem "Voile" verstoppt waren. Et ass deemno och kee Wonner, datt d’Misswahl net op der Tëlee gewise gouf, mä just um Radio iwwerdroe gouf.

National Meeschterschaften am Vëlo: Zu Lëtzebuerg hat de Christian Poos d’Zäitfuere gewonnen. A Frankräich war et mam Jeannie Longo, 52 Joer al, eng Athletin, di an der Méno-Poos ass.

Léck-Baaschtnech-Léck: De Philippe Gilbert hat jo di 2 éischt Ardenneklassiker gewonnen a wollt och den 3. gewannen. Virum Depart vun der Doyenne hat hien e Wonsch. Hie wollt op kee Fall den Dossard 203. Hie sot nämlech « jamais deux cent-trois ».

Leschte Football-Lännermatch vum Joer:
Am Virfeld vum Match Lëtzebuerg géint Schwäiz konnt een d'Tickete mat senger Bankkaart iwwer Internet kafen. Et gouf een awer net gewuer, ween Tickete kaf huet, well béid Länner jo d'Bankgeheimnis hunn.

Chuten am Paris-Roubaix:
D’Favoritten Tom Boonen a Sylvain Chavanel waren dacks gefall op de Pavéë vu Paris-Rubaix. Kee Wonner … Bei hirer Equipe Quick Step, wat eng Marque vu Parqueten ass, ware si gewinnt, op enger glater Surface ze fueren an net op knubbelege Pavéën.

Den nächste normale Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn; hoffentlech stëmmt dat wéinstens …