Lëtzebuerger vum Joer: Dem Xavier Bettel säin Numm gëtt “Bëttel” gelies awer “Bettel” geschriwwen. Wann dat beim Däitschen vum Joer och esou wier, da géif him säi Numm jo Sebastian “Vëttel” gelies ginn. Juristesch Kommissioun vun der Chamber a Bestietnis: D’Länner, an deenen d’Polygamie erlaabt ass a wou verschidde Männer 3, 4 oder méi Fraen hunn, si jalous ginn, wéi si héieren hunn, datt di weiblech Lëtzebuerger sech kënne mat 16 bestueden an di männlech Lëtzebuerger esouguer mat 18.

Christian Wulff: Den Däitsche Bundespresident wäert no all deene Polemiken net demissionéieren. Hie wäert sech awer net méi bei der nächster Wahl opsetzen. De Chrëschtdemokrat Wulff huet also keen CDI an och keen CDD mä logescherweis en CDU also e “Contrat à Durée Unique”.

3 Kinneksdag um 6. Januar: An der reliéiser Traditioun waren di 3 Kinneken de Melchior, de Gaspard an de Balthasar. E Freide waren et bei eis den Andy, de Frank an de Fabian. Och de Johannes war present an zwar de Bruyneel, fir di nei gebueren Equipe ze weisen. Dat Ganzt war awer net, wéi deemools an enger Höhl aus haardem Steen oder Rock, mä an der Rockhal.

Nationalspiller an Ex-Nationalspiller: De Mario Mutsch a säi Schwäizer Veräin wëlle géint dat haart Urteel vun der UEFA kloen. Den Ex-Nationalspiller Eugène Afrika, dee wéinst Viol 3 Joer an de Prisong muss, geet och géint säin Urteel un a wëll a Cassa-SION goen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...