Streng Kontrollen am Trafic: Besonnesch d’Telefonéiere mam Handy an de Sécherheetsgurt ginn de Moment vun der Police kontrolléiert. Fir de Punkteführerschäin war de Gurt bis elo méi geféierlech. Mä och wann et en 2-Punkt-Gurt ass, kritt ee just 1 Punkt um Führerschäin ofgeholl.

Verschidden Diktatore goufen 2011 gestierzt: D’Bierger ware méi staark wéi d’Unhänger vum Pouvoir also méi staark wéi Khaddafisten a Libyen, Ben-Alisten an Tunesien oder Moubarakisten an Ägypten. A Syrien ass et méi schwéier, well et kënnt ee net gutt u géint d’Bachar al As-Sadisten.

Geféierlech Broschtimplantater: Ganz vill schéin Dammen, déi erotesch Live-Showe maachen, hate Broschtimplantater vun der Marque PIP gewielt. Well et der vill sinn, déi di Marque benotzen, goufen déi Live-Showen och PIP-Showe genannt.

Soldenzäit: E Salarié huet sech op senger Plaz e Mount congé sans solde gefrot, fir kënne bei Geschäftsleit während der Soldeperiod ze hëllefen. De Patron huet gemengt, datt hien him, grad fir déi Aarbecht, kee Congé sans soldes kinnt ginn.

10 Joer EURO: Zanter et den EURO gëtt, si ganz vill Leit krank ginn esouwuel mat den Nerven wéi och mam Gehir. Et kënnt deemno eng nei Disziplin an der Medezin op an zwar d’EURO-logie.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...